Diplomiwwerreechung

Léif Primanerinnen, léif Primaner,

De Lycée des Arts et Métiers gratuléiert iech ganz häerzlech zu ärem Premièresdiplom. 🎓

Dir hutt an de leschte Joren net nëmme Wëssen a Kompetenzen ugesammelt, mee dir hutt och d’Fäegkeet geléiert iech Erausfuerderungen ze stellen.

Mat Ausdauer an dem néidege Wëllen hutt dir äert Zil erreecht a maacht iech lo mam Premièresdiplom an der Täsch op e neie Wee.

Fannt ären eegene Wee, loosst iech net decouragéieren a loosst iech virun allem an dësen turbulenten Zäiten net manipuléieren. Sidd couragéiert, sidd virwëtzeg a gleeft un Iech selwer.

Är schoulesch Ausbildung huet iech e zolidd Fundament gi fir är Dreem ze verfollegen an är Ziler ze erreechen.
Mir wënschen iech dobäi vill Erfolleg!

Fotoen
Retourner